Verschenken 90%

90% vum Biergerblat wëll ech verschenken un eng Equipe déi mol Gas hei gët.
Interessenten  (Reporter, Journalisten, Grafiker, GEO, Asteiger) kenne sech op info@biergerblat.lu mellen

Vel’Oh Akzident

De Josy vum Houffelterhaf ass de moie fréi mam Vel’OH op d’Panz gaang. E war geschter owend mam Zuch an d’Stadt komm an huet de moien huchteg um Lampertsbierg e Vel’OH geholl fir den Zuch net ze verpassen, well e soll Kéih nach fidderen.
Et wees keen wéi en iwwerhaapt bis dohi komm ass, op jiddefall wéi en an de Boulevard Royal wollt randreschen ass en de laange Wee op den Trottoire geflattert. Dem Josy selwer ass näischt geschitt, just e bessen de Knéi wéi. Den Zuch huet en awer verpasst, well Gendarmen koumen an hien e Protokoll krut well en e besse geduuscht hat. Mat Gléck därf en dann och nach 6 Méint nemmen mam Trakter fueren.
De Vel’OH huet missen oofgeschleeft ginn fir an Inspektioun. Dofir krit de Josy nach eng fett Rechnung vum JCDecaux.